Panorama
Panorama
EU: Banken-Agence kënnt nom Brexit op Paräis, net op Lëtzebuerg; Medikamenten-Agence plënnert op Amsterdam
Ombudskomité fir d'Rechter vum Kand: Neien Avant-Projet de loi, deen dem ORK méi Moyene soll ginn, géif bei der Regierung an engem Tirang läien, sou d'Kritik vum ORK President René Schlechter am 100,7 Interview
Cargolux: Mataarbechter kruten eemoleg Primm, LCGB fuerdert weider Verbesserunge fir Personal
Däitschland: President Steinmeier schwätzt mam FDP-Chef fir dass d'FDP awer nach eng Regierung mat CDU/CSU an de Grénge kéint forméieren
Simbabwe: Prozedur fir Robert Mugabe vum Presidenten-Amt ze entbannen soll haut lancéiert ginn
Amnesty International: Rohingya Minoritéit géif am Myanmar wéi ënnert engem Apartheid Regimm liewen, sou neie Rapport
USA: 60.000 Leit, déi no Äerdbiewen op Hait an d'USA koumen, sollen heem geschéckt ginn
Football Champions League: Dortmund géint Tottenham ass Spëtzematch um zweet-leschte Spilldag vun der Gruppephase