CD-Klassik
Groussaarteg Landschaften
15 min
Mat der Toundichtung "Tapiola" setzt de Jean Sibelius de Schlussaccord hannert seng grouss Orchesterwierker. Eng leschte Kéier gräift de Komponist an de Fundus vun der finnescher Mythologie an hëlt den Nolauschterer mat an déi däischter Bëscher mat hiren onheemleche Geeschter. "Meine Inspiration zu Tapiola kam gänzlich aus der Natur, oder genauer gesagt von etwas, was sich in Worten nicht ausdrücken lässt.", notéiert de Sibelius iwwert seng Toundichtung. Den Hannu Lintu trëfft a senger neier Sibelius-Opnam ganz besonnesch dës Stëmmung.