Klassik aktuell
Eng Saach vu Virwëtz an Oppenheet
7 min
"How Does it Feel - Wéi fillt et sech un" - dat war de Motto vum Festival Rainy Days 2017. Am Mëttelpunkt stoung d'Fro, firwat Nei Musek dacks als reng intellektuell Konscht consideréiert an hir d'Fäegkeet, Gefiller ze vermëttelen, ofgeschwat gëtt. Nieft Concerten a Performancen huet och e Konferenzzyklus sech mat dem Thema beschäftegt. Mat derbäi war d'Musikologin a Literaturwëssenschaftlerin Friederike Wissmann, déi sech mam Thema "Angscht an der Neier Musek" beschäftegt huet. De Guy Engels huet sech mat der Wëssenschaftlerin iwwert d'Angscht virun der Neier Musek ënnerhalen.