Panorama
Panorama
13 min
De SREL-Prozess gëtt op d'nächst Joer verluecht, huet de Parquet matgedeelt. Beim Jean-Claude Juncker, deen als Zeie soll aussoen, wier eppes Onprevisibeles dotëscht komm
Och ouni de Sëtz vun der Europäescher Banke-Kontroll-Autoritéit bleift Lëtzebuerg eng ganz wichteg an attraktiv Finanzplaz, seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen
D'Handelskummer an d'Cour des Comptes weise sech an hiren Avisen zum Staatsbudget 2018 reservéiert
D'FGFC, d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal, mellt sech zu Wuert an Zesummenhang mat der Affär vu reprochéiertem Mobbing an Harcèlement op der Gemeng Veianen
Vun Dezember u wäerten Autosbesëtzer vun der ILNAS informéiert ginn, wann hiert Gefier vun enger Réckruff-Aktioun betraff ass
D'Luxexpo the Box kritt en neie Generaldirekter. De Morgan Gromy trëtt vum 1. Januar d'nächst Joer d'Successioun vum Jean-Michel Collignon un
Am Simbabwe huet de President Robert Mugabe seng Demissioun ugekënnegt
Den däitsche President Frank-Walter Steinmeier huet sech de Mëtteg mat Vertrieder vun de Gréngen an der FDP getraff.