Panorama
Panorama
13 min
D'CSV ass bereet fir Gespréicher mat de Majoritéitsparteien ze féieren, fir eventuell awer nach e Konsens a Saache Vermummunsverbuet ze fannen
An de leschte Joren ass d'Zuel vun den Disziplinarverfahren an de Schoulen erofgang, seet de President vun der parlamentarescher Edukatiounskommissioun, Lex Delles
Lëtzebuerg wäert no 2018 nëmmen nach all 6 Joer un der Pisa-Etude deelhuelen. Dat krut Wort-Online vum Educatiounsministère confirméiert
D'UN-Krichsverbriechertribunal vum fréiere Jugoslawien zu den Haag huet haut de Ratko Mladic, zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof wéinst Vëlkermord veruerteelt
Den 3. Januar muss sech zu Diddenuewen de Generaldirekter vu Greenpeace Frankräich viru Geriicht veräntwerten. Hie gëtt als Représentant vun 8 Greenpeace-Aktiviste jugéiert, déi den 12. Oktober an d'Atomzentral zu Cattenom agedronge waren
Groussbritannien wëllt iwwert déi nächst 2 Joer 3 Milliarde Pond mobiliséieren, fir sech op de Brexit ze preparéieren
Russland, d'Tierkei an den Iran wëllen e Syrie-Kongress zu Sotschi organiséieren, fir de syresche Regime an d'Oppositioun beieneen ze bréngen, fir eng politesch Léisung fir de Konflikt am Land ze fannen.