Panorama
Panorama
12 min
D'Zuel vun de Juegdschäiner ass 15 Prozent eropgaangen an et géifen ëmmer méi Fraen a Jonker aus alle Gesellschaftsschichten op d'Juegd goen, esou de President vun der Jeeërfederatioun an der Emissioun Riicht eraus
De saudesche Krounprënz huet eng nei Anti-Terror-Koalitioun an d'Liewe geruff
An der syrescher Haaptstad Damaskus koumen op d'mannst 23 Persounen ëm d'Liewen a 50 Leit goufe blesséiert, nodeems déi syresch Arméi eng Enclave vun de Rebellen attackéiert hat
Dëst Joer goufen 69.000 Leit am Afghanistan während dem Krich blesséiert - dat wier eng Hausse vun 21 Prozent, heescht et vun der UN-Agence fir humanitär Hëllef
Am Honduras wielen d'Leit haut en neie Presidenten an en neit Parlament.
Déi russesch Liichtathlete bleiwe bis op Weideres fir international Kompetitioune gespaart.