Panorama
Panorama
13 min
De portugisesche Finanzminister Mario Centeno ass neie Chef vum Euro-Grupp, de Lëtzebuerger Minister Pierre Gramegna hat et bis an den 2. Tour gepackt
Nach ëmmer keen Accord an de Brexit-Negociatiounen, den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass awer zouversiichtlech, datt een nach dës Woch zu engem Kompromëss kënnt
Zwou Prioritéiten an der Schäfferotserklärung vun der DP an der CSV an der Stad sinn de Logement an d'Sécherheet
D'Vertrieder vun der ADEM an dem Patronatsdaachverband UEL begréissen, datt iwwert déi lescht zwee Joer, zesumme mat den Héichrechnunge vun dësem Joer, ronn 5.900 méi Chômeuren agestallt wäerte ginn, wéi 2014
De Conseil universitaire vun der Uni Lëtzebuerg, deen d'akademescht Personal representéiert, soll gestäerkt ginn. Dat geet aus engem Communiqué vum Héichschoulministère ervir
Déi bayresch CSU huet hire Sträit ëm d'Féierungspositioune bäigeluecht. Den Horst Seehofer soll Ufank nächst Joer vu sengem Amt als Ministerpresident vu Bayern zrécktrieden. D'Fraktioun vun der CSU huet haut de Markus Söder als Nofolger designéiert
De fréiere katalanesche Regierungspresident Carles Puigdemont stoung haut zu Bréissel op en neits viru Geriicht. Et geet em eng méiglech Ausliwwerung u Spuenien. Eng Decisioun doriwwer soll de 14. Dezember falen.