arrow_back_ios
CD-Klassik
Wonnerbar Stëmmfaarwen
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Den Gioacchino Rossini ass virun allem bekannt a populär, wéinst senge liichten, sprëtzege Comédieen, déi hie mat vill Léift, Goût a Witz a Musek ëmgesat huet. Mä de Komponist vu Pesaro wousst och am eeschte Fach ze brilléieren an huet ëmmer nees staark Fraefiguren op d'Bühn bruecht, Fraen, déi dacks hir Léift den Obligatioune vis-à-vis vun der Famill oder der Staatsraison afferen. D'Sopranistin Marina Rebeka proposéiert op hirem neien Album eng Rëtsch vu staarke Rossini-Fraen.