Panorama
Panorama
15 min
Den US-President Donald Trump wëllt déi amerikanesch Ambassade an Israel op Jerusalem verleeën. Mat deem Schrëtt géif hien d'Stad als Haaptstad vun Israel unerkennen an de Friddensprozess an der Regioun riskéieren
Den OGBL kritiséiert, datt d'Banken an Assurancë sech net un d'Reegelen iwwert d'Aarbechtszäite wéilten halen, déi uganks des Joers agefouert goufen. D'Gewerkschaft schwätzt vun enger Illegalitéit
D'Vertrieder vun der Initiativ Schutz fir d'Kand fäerten, datt de geplangte Gesetzprojet iwwert d'medezinesch assistéiert Procréatioun mat frieme Spender, de Wee opmécht, fir een, Zitat, "Business" hei am Land
D'Chambre des Salariés begréisst d'Entscheedung vun der Regierung, de Pappecongé op zéng Deeg z'erhéijen. Et géifen awer nach vill Problemer bei der Reform ginn, esou d'CSL haut an engem Avis
D'Stad Lëtzebuerg gouf haut mam drëtte Präis vum EU-Access-City Award 2018 ausgezeechent
Siwe Lëtzebuerger Online-Medien ginn an Zukunft vum Staat subventionéiert. D'Subventioun beleeft sech op 100.000 Euro d'Joer
Déi 28 EU-Finanzministeren hunn haut eng schwaarz Lëscht adoptéiert, op där 17 sougenannte Steierparadäiser stinn. Dës Länner kréie reprochéiert, net genuch géint d'Steierflucht virzegoen
De libanesesche Premierminister Saad Hariri huet haut offiziell seng Demissioun zréckgezunn.