Panorama
Panorama
14 min
An der Chamber gouf de Mëtteg d'Wahlgesetz ofgeännert. Duerch déi virgezunne Chamberwahlen am Oktober 2013, huet d'Gesetz misste geännert ginn, well d'Mandat vun engem Deputéierte 5 Joer laang dauert
D'Reform vum Congé parental trëtt viraussiichtlech wéi geplangt den éischte Januar a Kraaft. Den Ament ginn nach Upassungen am Gesetzprojet gemaach, verschidde Virschléi vun der Chambres des Salariés ginn allerdéngs net iwwerholl
D'Regierung wëll den Accès zum neie Firme-Regëster, deen Informatiounen iwwert de "bénéficiare effectif" vun enger Gesellschaft soll enthalen, ganz restriktiv ëmsetzen
D'EU-Kommissioun huet haut eng Partie déifgräifend Reforme fir d'Eurozon annoncéiert. Esou soll den Europäesche Stabilitéitsmechanissem, ESM, an en Europäesche Währungsfong ëmgewandelt ginn. Donieft soll och de Poste vun engem EU-Finanzminister entstoen
De fréiere katalanesche President Carles Puigdemont wëllt an enger éischter Phase an der Belsch bleiwen. Gëschter hat Spuenien den europäesche Mandat d'Arrêt géint den ofgesate President a 4 fréier Ministere vu Katalounien zeréck gezunn
De Wladimir Putin huet haut annoncéiert, datt hie fir d'Presidentschaftswahlen d'nächst Joer a Russland fir eng 4. Amtszäit wäert kandidéieren.