Klassik aktuell
Musek fir ënnert de Beemchen
5 min
Fir d'Pianistin Sabine Weyer war 2017 e ganz gutt Joer : eng eege Concertsrei am Kinneksbond zu Mamer, en etlech Concerten a vrun allem zwou CD-Produktiounen, déi am Hierscht publizéiert goufen a ganz gutt Kritiken an der Fachpress kruten. Ee vun den Disquen gouf esouguer fir d'International Classical Music Awards nominéiert. Op béiden Disquë spillt de J.S. Bach d'Haaptroll. Den éischten CD koppelt Concerti vum Thomaskantor mam duebele Concerto vum Mendelssohn. Déi jéngste Publikatioun mam Titel Bach to the Future proposéiert Bach-Transkriptiounen. Eng Suggestioun vun der Museksredaktioun fir d'Feierdeeg.