Panorama
Panorama
14 min
D'Gesetz iwwert d'Kierchefabricke kéint Mëtt Januar an der Chamber gestëmmt ginn
Dräivéierel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, fuere mam Auto op d'Aarbecht. Déi Erkenntnis geet aus der Etude Luxmobil ervir, déi haut presentéiert gouf
D'Chambre de Commerce gesäit fundamental Problemer bei der Lëtzebuerger Ekonomie, si warnt ënnert anerem virun enger Hausse vum Mindestloun
Nodeems den US-President Donald Trump Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt huet, goufen et haut ronn 80 Blesséierter bei Ausenanersetzungen tëscht Palestinenser mat israeleschen Zaldoten
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider gouf vun der US-Amerikanescher Dageszeitung Politico op déi zwieleft Plaz op der Lëscht vun den 28 aflossräischte Persoune fir Europa am Joer 2018 ausgewielt
D'EU-Kommissioun huet Tschechien, Ungarn a Polen um Europäesche Geriichtshaff ugeklot, well si sech an der Flüchtlingsnoutsituatioun net solidaresch gewisen hunn
D'Tierkei soll nees méi no un d'EU erurécken - dat sot de griichesche Regierungschef Alexis Tsipras haut no engem Gespréich mam tierkesche President Reccep Tayyip Erdogan virun der Press
Déi véier Matcher, déi fir d'Futtball-Europameeschterschaften 2020 zu Bréissel sollte stattfannen, ginn an de Wembley-Stadion op London verluecht. Dat well de Stadion an der Belsch eventuell net mat Zäite fäerdeg gëtt