Panorama
Panorama
16 min
Déi héich Logementspräisser an d'Problemer, fir eng Wunneng an der Stad ze fannen: dat wieren d'Konsequenze vun enger liberaler Politik vum Laisser faire, esou d'LSAP de Moien am Stater Gemengerot, bei der Debatt iwwert d'Schäfferotserklärung vun DP an CSV
Et gëtt e prinzipiellen Accord iwwert de Brexit, d'nächst Woch mussen d'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, op si déi 2. Phase vun de Verhandlungen alauden, nämlech déi iwwert déi zukünfteg Relatiounen
D'EU a Japan si sech eens ginn iwwert een ëmfaassende Fräihandelsaccord
An Israel hunn haut dausende Leit géint d'Unerkennung vu Jerusalem als israelesch Haaptstad duerch d'USA protestéiert. Ee Palestinenser koum dobäi ëm d'Liewen. Déi amerikanesch Ambassade an Israel wäert viraussiichtlech awer eréischt an zwee Joer vun Tel-Aviv op Jerusalem plënneren
Zu Lëtzebuerg sollen nieft der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch-Uelzecht vun der nächster Rentrée un och an dräi weideren ëffentleche Lycéeën europäesch Klassen ugebuede ginn
Et ginn nach onbezuelte Rechnunge beim Projet Esch 2022. Et wieren och méi Suen ausgi ginn, wéi der erakomm sinn, confirméiert den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana
D'Baufirma Felgen Constructions zu Mënsbech wier faillite, dat mellt RTL den Owend.