arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Mahler-Sinfonie fir 14 Instrumenter
De Mythen Ensemble Orchestral setzt sech aus Museker a Solisten aus verschiddene Schwäizer Sinfonieorchesteren zesummen. Zënter 2009 steet bei hire Concerte reegelméisseg dem Gustav Mahler seng 4. Sinfonie an enger Kammermuseks-Fassung fir 14 Instrumenter um Programm. Am August 2017 huet den Ensembel dës Sinfonie op CD erausbruecht. Eng gelongen Opnam, fënnt de Remy Franck.