Panorama
Panorama
Google huet déi 33,7 Hektar Land zu Bissen kaf, mellt RTL. De Konzern wéilt sech deemno eng Optioun fräihalen, fir an Zukunft säin Datazenter an Europa auszebauen
D'Schäfferotserklärung vun DP an CSV an der Stad gouf den Owend majoritär ugeholl
No enger Explosioun de Moien am Zentrum vu Manhattan huet de Buergermeeschter vun New York confirméiert, datt et sech dobäi ëm e versichtent Terrorattentat gehandelt huet.
25 vun den 28 EU-Memberstaaten hunn haut beim Ausseministerconseil zu Bréissel fir d'éischte Kéier formell decidéiert, eng permanent militäresch Zesummenaarbecht ze lancéieren
Fir d'EU kënnt eng Unerkennung vu Jerusalem als israelesch Haaptstad net a Fro, d'EU-Ausseministesch Federica Mogherini reagéiert op eng Fuerderung vum israelesche Premier
D'Liewensmëttelsécherheet warnt virun der Präsenz vu Salmonellen an der Milumel Bio-Mëllech fir Puppelcher vu Lactalis, op der ganzer Welt kéinte 7000 Tonne vum Produit kontaminéiert sinn
An der Mëttesstonn goufen d'8tels Finale vun der Champions-League ausgeloust. Do sinn et d'Spëtzematcher: Real Madrid géint PSG an Chelsea géint FC Barcelona.