CD-Klassik
Den Dante vum Benjamin Godard
Seng Matmënschen hunn de Komponist Benjamin Godard als en onverbesserlechen Romantiker, als en Dreemer bezeechent, deen net esou richteg a seng Zäit passt. Seng Wierker a seng kënschtleresch Oder schénge vun enger vergaangener Epoch gewiescht ze sinn. An trotzdem, seng Oper "Dante" vun 1890, ass voller Charme a sollt nees entdeckt ginn.
En CD-Tipp vum Remy Franck.
Benjamin Godard: Dante; Edgaras Montvidas (Dante), Véronique Gens (Béatrice), Jean-François Lapointe (Bardi) Rachel Frenkel (Gemma), Andrew Foster-Williams, Diana Axentii, Andrew Lepri Meyer, Chor des Bayerischen Rundfunks, Münchner Rundfunkorchester, Ulf Schirmer; 2 CDs Ediciones Singulares ES 1029;