Klassik aktuell
Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen
Dem Johann Sebastian Bach seng Goldberg-Variatiounen: E Wierk mat deem sech quasi all grousse Pianist op d'mannst eng Kéier a sengem Liewe beschäftegt. An der ganzer helle Wull vun Opnamen koum dëst Joer eng eraus, déi ervirstécht. Mat senger Interpretatioun huet de Jean Muller et gepackt an d'Final vun den International Classical Music Awards ze kommen. Eis Suggestioun fir ënnert de Chrëschtbeemchen, presentéiert vum Luc Boentges.