arrow_back_ios
CD-Klassik
Dräi Concerti fir Trompett
Wäit iwwer 3.000 Wierker huet de Georg Philipp Telemann a sämtleche Gattunge geschriwwen. Zu senger Instrumentalmusek gehéieren Orchestersuiten, Sinfonien, Sonaten an och dräi Trompette-Concerti - Eng Gattung déi vun anere grousse Barock-Komponisten ignoréiert gouf. Op sengem aktuellen Disk huet de Matthias Höfs dës Concerti zesumme mat der Kammerphilharmonie Bremen opgeholl. Den CD-Tipp vum Remy Franck.