Panorama
Panorama
An Éisträich steet déi nei Regierung fest. Zwee Méint no de Walen hunn sech déi konservativ ÖVP an déi riets-national FPÖ op ee Regierungsprogramm gëeenegt.
D'EU-Parlamentsfraktioun ENF fuerdert zu Prag en Enn vun der aktueller Form vun der Europäescher Unioun. Bréissel wier eng exizentiell Gefor fir d'Nationalstaaten, esou dem Geert Wilders seng Kritik.
D'CSU huet hire Parteichef Horst Seehofer a sengem Amt bestätegt.
Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair well nach viru Chrëschtdag mat der Pilotegewerkschaft Cockpit iwwert d'Aarbechtskonditioune vun de Pilote schwätze fir e Streik iwwert d'Feierdeeg ze verhënneren.
An an der zweeter Däitscher Bundesliga waren d'Lëtzebuerger Trainere mat hire Spiller am Asaz.