Klassik aktuell
E fulminante Schluss
De Schwäizer Philosoph a Musekswëssenschaftler Albert Schweitzer huet emol gewarnt, déi sechs Deeler vum Johann Sebastian Bach sengem Weihnachtsoratorium an engem eenzegen Owend opzeféieren, well soss "der ermüdete Hörer die Schönheiten des zweiten Teils nicht mehr zu fassen vermag".
Nodeems an der Philharmonie beim Concert vum 4. Dezember d'Kantaten I bis III a VI vum Bachchor an -orchester Mainz interpretéiert goufen, kann een dësen Donneschdeg (20.12.2017) d'Kantaten I a IV bis VI héieren. Op der Bühn stinn dës Kéier de Barock-Ensembel Le Concert Lorrain an den Dresdner Kammerchor. De Luc Boentges huet mam Stephan Schultz, dem Directeur artistique vun Le Concert Lorrain iwwert hiren Optrëtt an der Philharmonie geschwat.