CD-Klassik
Faarweg Opulenz
Pasticcio nennt een eng Kompositioun, déi sech aus ënnerschiddleche Museksstécker zesummesetzt, déi mat engem roude Fuedem zesummegehale ginn. Beim Ensembel Pasticcio Barocco ass et awer just de Géigendeel: keng Interpretatiounen, keng Programmen, déi reng aleatoire zesummegewierfelt goufen, mä eng kloer Ligne a virun allem een exzellent Musizéieren. Dat ënnersträicht och déi nei Produktioun vu Pasticcio Barocco mat Wierker vum Jan Dismas Zelenka.