Panorama
Panorama
D'Direction de l'Aviation Civile huet haut Luxaiport de Certificat vum eenzege Bedreiwer vum Fluchhafen iwwerreecht. Den operationelle Beräich vun der Fluch-Sécherheet op der Piste bleift awer bei der staatlecher Fluchhafeverwaltung ANA
De Sozialminister reagéiert op Reprochë vun der COPAS, no deenen de Romain Schneider de Prestatairen eng finanziell Kompensatioun an Aussiicht gestallt hätt, déi awer bis elo nach net komm wär
Sechs vun de siwen Ugekloten am sougenannte Gaffer- oder Aferteprozess goufen haut zu enger Geldstrof vun 250 Euro an dräi Méint Fuerverbuet veruerteelt, a fënnef Fäll mat Sursis
Den Numerus Clausus fir an Däitschland kënne Medezin ze studéieren, ass deels net verfassungskonform. Dat huet d'Bundesverfassungsgeriicht haut decidéiert. D'ALEM, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudente begréisst dëst Uerteel
Zu Bréissel war haut eng gréisser Protestaktioun géint déi geplangte Pensiounsreform vun der belscher Regierung
Saudi-Arabien huet op en Neits eng Rakéit aus dem Jemen ofgefaangen. Zil vum Geschoss wär de Kinnekspalast zu Riad gewiescht.