Klassik aktuell
E Musical mat historeschem Hannergrond
De Musical "Evita" erzielt d'Geschicht vun der argentinescher Presidentefra Eva Peron, déi vun 1919 bis 1952 gelieft huet . Eng Fra, déi sech duerch hire Charme aus der Aarmut an d'Luxusliewen eropgeschafft huet an eng immens Popularitéit hat. De Musical vum Andrew Lloyd Webber a vum Tim Rice werft e kritesche Bléck op di deemoleg argentinesch Regierung a ganz besonnesch op d'Persoun Eva Peron. De Musical hat gëschter Owend Première am Stater Theater a bleift nach bis 31 Dezember op der Affiche. De Manuel Ribeiro huet sech mam Direkter vum Stater Theater, dem Tom Leick, ënnerhalen.