Panorama
Panorama
D'CSSF, d'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur, huet Geldstrofe géint 9 Acteure vun der Finanzplaz verhaangen. Dat am Kader vun der Panama-Papers-Affär
De Projet Containerduerf zu Stengefort ass dout! dat schreift d'Biergerinitiative "Kee Kontainerduerf am Duerf" an engem Communiqué. D'Verwaltungsgeriicht hätt d'POS-Reglement, also de Plang dee virgesäit wéi den Terrain soll bebaut ginn, annuléiert
D'Gewerkschaften ALEBA, OGBL-SBA an LCGB-SESF fuerderen, datt de Kollektivvertrag, deen den Ament am Bankesecteur a Kraaft ass, zum Deel nei verhandelt gëtt
D'EU-Kommissioun lancéiert eng Sanktiounsprozedur géint Polen, well d'Land d'Rechtsstaatlechkeet net respektéiert, an domat géint den EU-Traité verstéisst
Groussbritannien kritt vun der EU eng Iwwergankszäit vun 2 Joer nom Brexit accordéiert, huet den EU-Chef-Négociateur Michel Barnier haut annoncéiert
CDU, CSU an SPD an Däitschland féiere vum 7. bis den 12. Januar Sondéierungsgespréicher iwwert eng méiglech Regierungsbildung
Den Domenico Micarelli gëtt neien Trainer vum Futtball-Club zu Rodange.