arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen
Virun iwwert 20 Joer huet den Duo Iglika Marinova a Marco Kraus dem Johann Sebastian Bach seng Goldberg Variatiounen an enger Versioun fir zwee Pianoe vum Josef Rheinberger am Stater Conservatoire gespillt. Dëst Joer hunn déi zwee Pianisten de Live-Matschnëtt vun dësem Concert nees ausgegruewen an op enger CD publizéiert. Eis Suggestioun fir ënnert de Chrëschtbeemchen.