CD-Klassik
Virtuositéit an Expressivitéit
De Camille Saint-Saëns war een Touche-à-tout, ee Komponist, dee sech net nëmmen op säin Hausinstrument, de Piano fokusséiert huet, mä och fir aner Instrumenter bedeitend Concerti geschriwwen huet: fir d'Gei an och fir den Cello. Nieft den zwee Concerti gëtt et och nach eng fréi Suite, een Allegro appassionato, eng Romanz an natierlech den onvergiessleche Schwan aus dem "Carnaval des animaux". All dës Wierker fënnt een elo op enger neier CD-Produktioun mam däitsche Cellist Gabriel Schwabe.