Panorama
Panorama
D'COPAS bleift bei hirer Kritik um Sozialminister Roman Schneider: De Minister hätt säi Wuert net gehalen. Hannergrond sinn d'Divergenze ronderëm den neien SAS Kollektivvertrag
Nach ëmmer ginn et Lächer op de Konte vun de landwirtschaftleche Betriber hei am Land, seet d'"Baueren-Allianz". De Präis fir d'Mëllech wier zwar méi héich ginn, mee generell gesinn, géif et der Landwirtschaft nach net gutt goen
Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch reagéiert - Zitat "ganz geloossen" op dat neit Uerteel a Saache Containerduerf zu Stengefort
A Katalonien gëtt haut en neit Regionalparlament gewielt
D'UNO-Vollversammlung stëmmt den Owend iwwert eng Resolutioun oof, fir d'Unerkennung duerch d'USA vu Jerusalem als israelesch Haaptstad ze condamnéieren
D'Pilote vu Ryanair wäerte muer Däitschland-wäit streiken. Dat huet déi zoustänneg Gewerkschaft VC am Nomëtteg annoncéiert
D'Fifa huet haut hir Weltranglëscht am Futtball publizéiert. Déi lëtzebuerger Nationaléquipe kënnt do op déi 83. Plaz.