Panorama
Panorama
Virun de Presidentschaftswahlen a Russland am Mäerz d'nächst Joer, sinn haut d'Parteideeg vun deene grousse Parteien, de Wladimir Putin geet als onofhängege Kandidat mat an d'Wahlen
D'USA wëlle Waffen un d'Ukrain liwweren, dat huet eng Spriecherin vum amerikaneschen Ausseministère confirméiert. Domat wéilt een d'Efforte vum Land ënnerstëtzen, fir seng eege Souveränitéit an territorial Integritéit ze verdeedegen
Engem neie Bilan no koumen duerch den tropesche Stuerm am Süde vun de Philippinnen op d'mannst 133 Persounen ëm d'Liewen
Den amerikaneschen Astronaut Bruce McCandless ass dout. Hien hat als éischte Mënsch bei engem Spadséiergank am Weltraum fräi am All geschwieft
Fir de Generalvikar Leo Wagener ass Chrëschtdag, wann och ëmmer méi kommerzialiséiert, nach ëmmer e Fest, op deem d'Leit hir Mënschlechkeet a Solidaritéit erëmfannen. Och wann d'Relioun dobäi just nach eng marginal Roll géif spillen
Wéi d'Lëtzebuerger Wort haut gemellt huet, géif de Miwwel- an Dekoratiounsbutték Habitat an der Belle Etoile zu Stroossen Enn Januar seng Dieren zoumaachen.