arrow_back_ios
CD-Klassik
Pianossymphonik aus Polen
Kann een a Polen nom Frédéric Chopin nach komponéieren? Dat ass eng Fro, déi sech nom Doud vum Ausnamemuseker dacks gestalt gouf a wou d'Äntwert ganz schëtzeg vun der polnescher Musek selwer koum. Eng ganz Generatioun vun héich talentéierte Komponisten huet d'Successioun vum Chopin ugetrueden - dorënner den Ignaz Paderewski an den Zygmunt Stojowski, vun deenen et elo Pianoswierker op enger neier CD-Produktioun gëtt, déi de Remy Franck presentéiert.