Panorama
Panorama
Bis 2023 soll dat ganzt Lëtzebuerger Schinnennetz déi néideg Capacitéiten hunn, fir de Besoine gerecht ze ginn, seet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch
Verdacht op Salmonelle bei Produite fir Kanner vun de Marke Milumel a Picot
Sudanesesch Flüchtlingen, déi d'Belsch zréck an hir Heemecht geschéckt huet, goufen do gefoltert. D'Regierung soll sech dem Risiko bewosst gewiescht sinn. Dës Woch war an deem Kader eng Kontrovers ronderëm de belsche Staatssekretär Theo Francken
Nordkorea gesäit déi nei Sanktioune vun de Vereenten Natiounen als eng Krichs-Handlung
D'Zuel vun den Doudesaffer nom tropesche Stuerm op de Philippinnen ass op iwwer 200 geklommen
Den destituéierte katalanesche Regierungschef Carles Puigdemont wëllt méiglecherweis zréck a Spuenien reesen, trotz dem Haftbefeel, dee géint hie virläit
Bei der Explosioun vun enger Bomm, déi bei enger Strooss verstoppt war, sinn am Süde vum Afghanistan op d'mannst siwe Zivilisten ëm d'Liewe komm.