arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Mann fir Laangzäitprojeten
De Paavo Järvi gehéiert zu deene markante Perséinlechkeeten, déi d'Dirigentenzeen am Ablack ze bidden huet. Den estnesche Museker, deen och am Gespréich war als Successeur vum Simon Rattle bei de Berliner Philharmoniker, sicht sech ëmmer nei Erausfuerderungen, Aufgaben, wou hie sech an anerer als Kënschtler weiderentwéckele kann. D'nächst Joer ass de Paavo Järvi Artist in Residence an der Philharmonie a kënnt fir véier Concerten op Lëtzebuerg.