arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Kiischt um Kuch
2017 war een aussergewéinlecht Joer fir d'Hélène Boulègue, Flüttistin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg: den éischte Präis beim internationale Concours am japanesche Kobe, een Engagement als Solo-Flüttistin beim Symphonieorchester vum SWR zu Stuttgart vun 2018 un an elo den Enregistrement vun der éischter CD - déi zum Ofschloss vum Joer gewëssermoossen d'Kiischt um Kuch ass.