Klassik aktuell
Den Neijoerschconcert vum Luxembourg Wind Orchestra
Dëse Samschdeg (6.1.2018) steet am Cercle Cité den Neijoerschconcert vum Luxembourg Wind Orchestra op der Affiche. Nom Concert d'Inauguration den 8. Oktober 2017 ass dëst den zweete Optrëtt vun den ongeféier 60 passionéierten Amateuren a professionelle Museker ronderëm den Dirigent Philippe Noesen. De Luc Boentges war bei enger Prouf dobäi an huet mam Philippe Noesen iwwert de Concert an de Luxembourg Wind Orchestra geschwat.