Nord- Südkorea: Nordkorea schéckt Delegatioun op d'Olympesch Wanterspiller a Südkorea, gouf bei de Gespréicher tëscht béide Länner ugekënnegt
Chambre des Salariés: D'Produktivitéit zu Lëtzebuerg géif expansiv Lounpolitik, dorënner eng Hausse vum Mindestloun, rechtfertegen, sou den CSL-President Jean-Claude Reding
Gemeng Lëtzebuerg: Schäfferot wëll Gemenge-Mataarbechter gratis ëffentlechen Transport zur Verfügung stellen
Tunesien: Een Doudege bei Protester géint Hausse vu Präisser an TVA
Däitschland: CDU, CSU an SPD wëllen hir Klimaziler fir 2020 offiziell opginn
Frankräich: Regierung soll haut Vitess-Reduktioun vun 90 op 80 Kilometer an der Stonn op Landstroossen ("routes secondaires à double sens") annoncéieren
USA: Donald Trump soll vum Spezial-Enquêteur Robert Mueller Froe gestallt kréien, sou Washington Post