Klassik aktuell
Bilan a Perspektiven
Zënter dräi Joer gëtt et elo d'FLAC, d'Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs - eng Federatioun, déi sech aus den dräi Sparte Klassesch Musek, verstäerkt Musek a Filmmusek zesummesetzt. D'FLAC engagéiert sech op deenen ënnerschiddlechsten Theme fir d'Interesse vun de Lëtzebuerger Komponisten. Zënter der Generalversammlung Enn 2017 huet d'Federatioun en neie President: de Roby Steinmetzer, mat deem de Guy Engels e kuerze Bilan vun den Aktivitéite gezunn an och an d'Zukunft gekuckt hunn.