CD-Klassik
Beandrockend Interpretatiounen
Den amerikanesche Komponist Charles Ives ass ee ganz interessante Personnage. Well hie gemengt huet, net kënnen als Komponist ze liewen, ass den Ives an d'Assurancë-Branche gaangen, huet eng eegen Entreprise gegrënnt an zolidd verdéngt. Esou konnt hie sech et leeschten, awer ze komponéieren, Concerten z'organiséieren an aner Museker generéis z'ënnerstëtzen. Den Charles Ives huet genuin amerikanesch Musek geschriwwen, déi sech staark un der Volleksmusek inspiréiert, an hirer Sprooch awer modern ass. "Three Places in New England" an "New England Holidays" si Beispiller vun dësem Stil. De Seattle Symphony huet dës Ives-Wierker elo nei opgeholl.