arrow_back_ios
Klassik aktuell
Op der Halschent
D'Saison 2017/2018 vum Orchestre de Chambre du Luxembourg steet ganz am Zeeche vum Franz Schubert senge Symphonien. Schubert 2.0 heescht de Zyklus, deen den Orchester am Kammermusekssall vun der Philharmonie presentéiert. Iwwermuer Sonndeg ass deen nächste Concert, an dann ass den Orchester à mi-parcours. Zäit fir een éischte Fazit mam Dirigent, dem Florian Krumpöck, ze zéien.