arrow_back_ios
CD-Klassik
Kräfteg Faarwen
Dës Saison mécht de Jukka-Pekka Saraste mat sengem WDR-Symphonieorchester ee Beethoven-Zyklus, deen et méiglecherweis iergendwann och eng Kéier als CD-Produktioun kéint ginn. Ähnlech ass et nämlech och mat de Symphonië vum Johannes Brahms gaangen, déi den Orchester als Integrale am Zyklus spillt an elo och fir den Disk opgeholl huet. Am Mëttelpunkt vun der zweeter Publikatioun steet dem Johannes Brahms seng 2. Symphonie.