arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Erik Satie nei entdeckt
"Toute ma jeunesse on me disait: Tu verras quand tu auras 50 ans. J'ai 50 ans, et je n'ai rien vu." E Sproch vum Erik Satie, deen aussergewéinleche Komponist, dee skurrille Personnage, deen eis eng Abberzuel vu pianistesche Miniaturen hannerlooss huet. Dacks ginn dës kleng Wierker gären als Bis gespillt, e klenge Bonbon fir de Public. Domadder deet en dem Satie senger Musek allerdéngs Onrecht, dat weist den Nicolas Horvat a senger neier Satie-Intégrale. Eis CD vun der Woch.