De Jean-Lou Siweck ass neie Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7, dat huet de Regierungsrot de Mueren decidéiert
Lëtzebuerg keeft en Observatiounssatellit an zwee Helikopteren. Dat am Kader vu senge Verdeedegungs-Verflichtunge bei der NATO
Nom Vote an der Chamber iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricke e Mëttwoch, soll een Iwwerganksregimm dem Bistum hëllefen, d'Reform ëmzesetzen
"Mir si vill besser opgestallt wéi nach d'lescht Schouljoer". Dat äntwert deen éischte Conseiller am Educatiounsministère Lex Folscheid, op eng Kritik vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, datt et nach ëmmer u Léierpersonal an de Grondschoule géif feelen
Zesumme mam Sportminister Romain Schneider huet de COSL haut de Luxembourg Institute for High Performance in Sports virgestallt. De LIHPS soll de Lëtzebuerger Héichleeschtungssport en decisive Schrëtt virubréngen
An den USA leeft haut op en Neits en Delai fir d'Finanzéierung vun der Regierung of. Bis Mëtternuecht muss eng Léisung fonnt ginn, fir eng Fermeture vu Regierung an Administratioun z'evitéieren
E schwéiert Äerdbiewen, mat enger Stäerkt vu 6,3, gouf et am Nordweste vu Mexiko.
De President vun der UEFA kënnegt eng Luxussteier fir d'Veräiner an der europäescher Futtballunioun un.