Panorama
Panorama
Däitschland: Et kënnt zu Koalitiounsverhandlungen tëscht SPD an Unioun, CSU wiert sech awer géint Nobesserunge vun de Sondéierungs-Resultater
Senegal: Lëtzebuerger Entreprisë solle méi aktiv am Senegal ginn, sou d'Staatssekretärin Francine Closener um 1. Dag vun der Staatsvisite vum Grand-Duc Henri an dem west-afrikanesche Land
Ben Fayot: Eng "En Marche" Beweegung zu Lëtzebuerg wier net wahrscheinlech, sou den LSAP Politiker an der Emissioun Riicht eraus
Nord-Syrien: Tierkesch Panzeren am Asaz géint kurdesch Milizen bei der nord-syrescher Stad Afrin, d'USA ruffen d'Tierkei op, sech zeréckzehalen
Tunesien: Weider Protester géint Spuerprogramm vun der Regierung
USA: Regierung bleift bis op Weideres am "Shutdown" wéinst Desaccord iwwert Scholden-Grenz
Vietnam: Vietnamesesche Geschäftsmann Trinh Xuan Thanh, deen an Däitschland entféiert soll gi sinn, gouf zu Hanoi zu liewenslänglechem Prisong veruerteelt
American Football: New England Patriots géint Phildelphia Eagles, heescht d'Finall vum Super Bowl de 4. Februar
Football: Bayern München baut Avance un der Tabelle-Spëtzt vun der Bundesliga op 16 Punkten aus