CD-Klassik
Eng vollendet Unvollendete
E gouf schonn en etlech Versich, d'Rätsel vum Franz Schubert senger onvollstänneger 8. Symphonie ze léisen. Ob se iwwerhaapt onvollstänneg ass - och wa se nëmmen zwee Sätz huet, gëtt vu muenche Fachleit ugezweiwelt. Anerer verweisen op Fragmenter vun zwee weidere Sätz, fir de Géigendeel ze beweisen. Dës Fragmenter huet den Dirigent Mario Venzago elo geholl an déi 8. Symphonie rekonstituéiert. D'Münchner Symphoniker hunn d'Wierk elo - zesumme mat der 4. Symphonie - agespillt.