Panorama
Panorama
De Lëtzebuerger Satellit GovSat 1 kéint wéinst dem amerikanesche Shutdown méiglecherweis net wéi geplangt den 30. Januar lancéiert ginn, sot haut de Verdeedegungsminister Etienne Schneider
D'Zuel vun de Leit ouni Aarbecht ass am Dezember, op ee Joer gekuckt, ëm 4,6 Prozent zréckgaangen, de Chômagetaux läit elo bei 5,8 Prozent
D'Europadeputéiert Viviane Reding spuert net mat Kritik un de Ministere Bettel a Gramegna: Si hätten d'Interessie vu Lëtzebuerg a verschiddenen EU-Dossieren net gutt genuch verdeedegt
Den Owend gëtt op der Staatsvisite am Senegal deen neie Kooperatiounsaccord tëscht Lëtzebuerg an dem westafrikanesche Land ënnerschriwwen, virgesinn fir déi nächst fënnef Joer ass eng Enveloppe vu 65 Milliounen Euro
De Carles Puigdemont wëllt eng nei Regionalregierung a Katalounien opstellen, trotz dem Widderstand vu Madrid. Iwwerdeems gëtt keen neien europäeschen Haftbefeel géint hie lancéiert
Déi amerikanesch Ambassade zu Jerusalem wäert nach virum Enn vum nächste Joer hir Dieren opmaachen. Dat sot den US-Vizepresident Mike Pence virum israelesche Parlament
Nodeems virun der chinesescher Küst en iraneschen Uelegtanker ënnergaangen ass, miesst den Uelegteppech, deen doduerch entstanen ass, an Tëscht 332 Quadratkilometer.