Panorama
Panorama
Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel fuerdert eng verstäerkten Zesummenaarbecht vun der europäescher Communautéit, multilateral Léisunge amplaz vu Protektionismus sollten d'Äntwert op d'Problemer an der Welt sinn
De Premierminister Xavier Bettel huet d'Gefill, wéi wa vun auslännesche Betriber e groussen Interessi do wär, fir op Lëtzebuerg ze kommen
ArcelorMittal huet de Muere bei sengem Neijoerschpatt op e ganz produktiivt Joer 2017 zeréck gekuckt, 2,2 Milliounen Tonne Stol goufen zu Lëtzebuerg produzéiert
Wat ännert sech konkret fir déi Leit, déi den Ament am 2. Joer Stage an der Grondschoul sinn, no der Annonce gëschter vum Educatiounsminister fir dee Stage vun dräi op 2 Joer ze reduzéieren, dozou héiert dir e Bäitrag hei am Panorama
D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Attack op de Büro vun der Hëllefsorganisatioun Save The Children an der afghanescher Stad Dschalalabad fir sech revendiquéiert
An der Tierkei gouf et een Doudegen an op d'Mannst 13 Blesséierter bei enger Rakéitenattack op d'Stad Kilis un der syrescher Grenz
Lëtzebuerg spillt an der Divisioun D vun der Nations League am Grupp 2 géint Wäissrussland, Moldawien a San Marino. An der Mëttesstonn war zu Lausanne d'Auslousung vun de Gruppe fir d'Nations League vun der UEFA
Den Europarot rifft d'Europäesch Unioun op, een Observatoire ze schafen, mat deem ënnert anerem d'Fussballverbänn FIFA an UEFA an Zukunft sollen iwwerwaacht ginn.