Panorama
Panorama
Ënnert anerem well d'Luxair refuséiere géif, d'Carrièren an d'Salairen ze revaloriséieren, ginn d'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP op d'Conciliatioun
Lëtzebuerg soll en éischt Buedemschutzgesetz kréien. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet de Mëtteg den deementspriechende Gesetzprojet virgestallt
An der Schwämm "Les Thermes" zu Stroosse wieren duerch d'Kondenswaasser Fiichtegkeetsproblemer am Daach entstanen. Fir gréisser Schied ze verhënneren, hunn d'Gemenge Stroossen a Bartreng 2,7 Milliounen Euro am Budget fir Reparaturen, déi am Laf vum Joer sollen ufänken, zur Verfügung gestallt
Iwwer 200 Joer Lëtzebuerger Justizgeschicht sollen an den nächste véier Joer vun der Uni Lëtzebuerg eng éischte Kéier wëssenschaftlech analyséiert ginn. Eng Konventioun dofir gouf haut am Justizministère ënnerschriwwen
2018 wäert et kee Food For Your Senses Festival ginn
D'EU wëllt Groussbritannien no sengem EU-Austrëtt am Mäerz d'nächst Joer eng Iwwergangsphase bis Enn 2020 ubidden. An där Zäit muss London awer nach all d'EU-Regelen anhalen a seng Bäiträg op Bréissel iwwerweisen. E Stëmmrecht a Gremie vun der EU huet London dann awer net méi.
Zu Sotschi beim Schwaarze Mier ass haut a muer e Friddenskongress, fir iwwert d'Situatioun a Syrien ze beroden