CD-Klassik
E Poet um Piano
Säi ganzt Liewe laang huet de Frédéric Chopin Nocturne komponéiert. Déi éischt entstinn am Alter vu 16 Joer, déi lescht schreift en kuerz viru sengem Doud. De Chopin bréngt et an deenen Nuetsgedanke fäerdeg, einfach Melodien a kuerz musikalesch Konschtwierker ze verwandelen. An dat ass och d'Erausfuerderung, virun däer all Interpret vun dëse Wierker steet. An dës Erausfuerderung huet deen argentinesche Pianist Nelson Goerner a senger Chopin-Intégrale gemeeschtert.