Panorama
Panorama
En déidlecht Accident gouf et hënt op der Streck tëscht Groussbus a Viichten
D'Ainhoa Achutegui wëll Enn Februar de Verwaltungsrot vun Esch 2022 verloossen.
Déi ëffentlech Finanze hunn 2017 vun der gudder Konjunktur profitéiert, den Defizit um Niveau vum Zentralstaat gëtt Stéck fir Stéck méi kleng, seet de Finanzminister Pierre Gramegna
Neien Direkter vum "Lënster Lycée" gëtt den Tom Nober. Dat huet de Regierungsrot gëschter decidéiert.
Zanter méi wéi enger Woch leeft a Syrien eng, international kritiséiert, tierkesch Militäroperatioun géint d'Kurden am Kanton Afrin. Eng däitsch ONG war gëschter beim Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, fir no Hëllef ze froen
No Vergewaltegungsreproche géint de bekannten Islamwëssenschaftlecher Tariq Ramadan hunn déi franséisch Autoritéiten elo eng Enquête an d'Weeër geleet
Nordkorea soll, engem Rapport vun de Vereenten Natiounen no, widderhuelt international Sanktiounen ëmgaange sinn a Millionen duerch illegal Exporter verdéngt hunn
Den amerikanesche Soulsänger Dennis Edwards ass dout. De Leadsänger vun den Temptations ass gëschter, am Alter vu 74 Joer, zu Chicago verscheet.