Panorama
Panorama
D'Sécurité routière setzt sech weider an fir eng allgemeng Vitesselimitatioun vun 80 Stonnekilometer op eise Stroossen an, seet hire President Paul Hammelmann
Déi katalanesch Onofhängechkeetsbewegung stécht an enger Sakgaass. D'Tessy Troes huet sech e Bild vun der Situatioun gemaach
Haut kéinten d'Uniounsparteien an d'SPD an Däitschland, 5 Méint no de Bundestagswahlen, endlech e Koalitiounsaccord fannen. Eng Presenz vum SPD-Chef Martin Schulz an enger Regierung ass ëmstridden
Nodeems gëschter an der italienescher Stad Macerata e Mann op Afrikaner geschoss hat, koum dee Verdächtegen elo an e Prisong op Acona
D'EU-Kommissioun wëllt wéi et schéngt den EU-Bäitrëtt vun de 6 Westbalkan-Staaten esou séier wéi méiglech virundreiwen, mellt d'Zeitung "Welt"
Zypern wielt haut am Ballotage en neie President
Den däitsche Musiker a Schauspiller Rolf Zacher ass dout
Den Owend steet dee wichtegste Rendez-vous am American Football um Programm, d'New England Patriots treffe beim Super Bowl op d'Philadelphia Eagles.