Panorama
Panorama
Felix Braz: De Justiz-Minister huet am 100,7 Interview de geplangte Vermummungs-Verbuet verdeedegt no de Kritikke vun ënnert anerem der konsultativer Mënschrechtskommissioun
Nordafrika: Jean Asselborn a Lëtzebuerger Delegatioun maachen sech e Bild vun der Flüchtlings-Situatioun, 120.000 Flüchtlinge sinn zejoert iwwert d'Mier an Italien ukomm
Verkéier: Et gëtt och zu Lëtzebuerg illegal Auto-Coursen, soten de Paul Hammelmann (Sécurité Routière) an déi gréng Deputéiert Josée Lorsché an eiser Emissioun Riicht eraus
Salah Abdeslam: Haaptverdächtege fir Paräisser Attentater vun 2015 gouf aus engem franséische Prisong fir e Prozess op Bréissel bruecht
Däitschland: Koalitiounsverhandlungen tëscht CDU/CSU an SPD kéinten haut ofgeschloss ginn
Zypern: De Konservativen, Nikos Anastasiades, bleift President
Syrien: Syresch Arméi hätt nees gëftege Gas benotzt fir Attacken op Rebelle-Gruppen, seet syreschen Observatoire fir Mënscherechter
Football: CS Fola huet hiren Trainer Cyril Serredszum entlooss
Amerikanesche Football: Philadelphia Eagles gewannen d'Finall vum Super Bowl géint de Favorit an Titelverdeedeger New England Patriots