arrow_back_ios
Klassik aktuell
Iwwert d'Komponéieren a Kompositiounen
"Obwuel jidderee vun eis Kënschtler kennt, sief et Museker, bildend Kënschtler, Schrëftsteller, déi hiert Liewen Dag fir Dag der Kreatioun verschriwwen hunn, ass et net esou einfach, de Prozess vun der Kreatioun, méi spezifesch dem Komponéieren, ze beschreiwen," seet de Komponist Camille Kerger. Bei enger Konferenz am Centre Prince Henri, dëse Mëttwoch (7.2.2018), schwätzt hien iwwert de Prozess vum Komponéieren, d'Akzeptanz vun enger neier Partitur an d'Fro, wéi de Museksmarché an de Publikum mat enger neier Kreatioun ëmginn.